Klimakarussell zu Laaschte vum Steierzueler?

D’Regierung huet zesumme mat enger Rei aneren, westleche Staaten ugekënnegt, bis 2050 wëllen “klimaneutral” ze ginn. Just, déi Zäregaser déi hei agespuert ginn, gi vun anere Länner warscheinlech masseg kompenséiert. Laut enger rezenter Berechnung vun der Internationaler Energieagentur missten d’Schwellen- an Entwécklungslänner ab 2030 all Joers eng Billioun Dollar (1.000.000.000.000.) ausginn, fir 2050 net genau déi Zäregasemissiounen auszestoussen, deen d’G7-Länner duerch hir sougenannt Klimaneutralitéit wëllen aspueren. Wéi een Impakt kann a sou engem internationalen Ëmfeld eigentlech nach déi national Klimapolitik vun engem klenge Land wéi Lëtzebuerg hunn?

Deel dëse Post: