D‘ADR Fraen engagéiere sech fir d’Famill!

D’UNO feiert all Joer um 15. Mee den Internationalen Dag vun der Famill. Dës Geleeënheet wëllen d’ADR Fraen notzen, fir op déi vill Geforen a Problemer hinzeweisen, mat deenen d’Famill, als Kärzell vun der Gesellschaft, haut konfrontéiert ass. Hei zu Lëtzebuerg ass un de meeschte vun deene Suergen d’Regierungskoalitioun schold, awer och d’CSV, déi am Kader vun der Verfassungsreform mat um Demontage vun der Famill schafft.

D’ADR Fraen organiséieren dowéinst de 15. Mee um 10:30 Auer e Protestpiquet um Krautmaart, virun der Chamber. D’ADR Frae fuerdere fir 2021 besonnesch:

• Eng Revalorisatioun vun der Famill an der Gesellschaft an eng méi héich Unerkennung vun der Erzéiungsaarbecht vun den Elteren.

• Eng Ënnerstëtzung vu jonke Familljen, fir si ze encouragéieren, Kanner ze kréien.

• Eng direkt Nees-Indexéierung vum Kannergeld.

• Keng Benodeelegung vun der Famill bei enger eventueller Steierreform.

• D’Bäibehalen, respektiv d’Nees-Aféiere vun de Begrëffer „Papp“ a „Mamm“ an allen offiziellen Texter an Dokumenter, och am Code civil an am Filiatiounsgesetz (also amplaz „parent 1“ a „parent 2“, respektiv „autre parent de naissance“ an „parent qui a accouché de l’enfant“).

• E kloren Nee zu der GPA (geléinte Mammen) an zu der heterologer PMA („Procréation médicalement assistée“ mat engem frieme Spender vu Somen oder enger friemer Spenderin vun enger Eezell).

• E Stopp vun enger ideologescher Sexualerzéiung duerch de Staat an aner Intervenanten an de Schoulen, dëst gëllt allgemeng a ganz besonnesch bei klenge Kanner.

• An där geplangter neier Verfassung:

– D’Bäibehale vum aktuellen Text am Artikel 11 (1): „L’Etat garantit les droits naturels de la personne humaine et de la famille“ amplaz vum neien Artikel 31.1 „L’Etat veille au respect du droit de toute personne de fonder une famille et au respect de la vie familiale“.

– Keng Substitutioun vun den Eltererechter duerch eng staatlech Erzéiung (Art. 31. 3 a 4)! D’Rechter vun den Elteren an hir Verantwortung fir d’Erzéiung vun hire Kanner ginn an där neier Verfassung net ernimmt, dofir iwwerhëlt dann de Staat déi Roll, z. B. am Art 31 (4): „L’Etat veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et son développement.“ D’ADR Fraen denken, datt de Staat soll d’Eltere bei deenen Aufgaben ënnerstëtzen, sech awer net däerf Rechter zoumoossen, déi den Elteren hir sinn.

D’ADR Frae si fir eng Verstäerkung vun der direkter Demokratie a verlaangen, datt Ännerungen un der Verfassung vun de Lëtzebuerger an engem nationale Referendum mussen decidéiert ginn.

Pressematdeelung vum 14. Mee 2021

 

Deel dëse Post: