Keng obligatoresch Tester, och net fir d‘Horeca-Clienten!

De 16. Mee soll de ganzen Horeca-Secteur seng Dieren nees kënnen opmaachen. D’Regierung huet d’Gastronomen awer obligéiert, d’Clienten nëmmen ze zerwéieren, wa si e rezenten negativen Test virweise kënnen.

Fir d‘ADR feelt et dobäi alt erëm u Logik. Firwat gëtt dëse Secteur mat esou enger Test-Flicht schikanéiert? Wéi d’Terrassen eleng hunn duerfen zu limitéierten Dageszäiten opmaachen, war keen Test néideg. Elo, wou de ganze Sekteur opmécht, muss all Client geadr ginn, wann dësen net op der Terrass, mee dobannen eppes ësst oder drénkt.

Op anere Plazen, wou d’Leit a vill méi enkem Kontakt sinn, Schëller u Schëller, dobäi nach mateneen oder mat engem um Telefon schwätzen, eppes drénken oder eppes schneeken, do gëtt keen Test verlaangt.

D’Praktikabilitéit ass e grousse Problem. D‘Testprozedur muss koordinéiert ginn. Schliisslech muss d‘Testresultat no enger exakt bestëmmter Zäit ofgelies ginn. A bis duerhi stinn d’Leit da 15 bis 20 Minutten zesummen, fir op hiert d’Testresultat ze waarden. Dozou kënnt nach, datt déi sougenannte Schnelladrer och offiziell wéineg zouverlässeg sinn. An da stellt sech nach d’Fro vum Suivi bei engem positive Resultat.

Trotz dëser extra strenger Reegeleung, gëllen hei awer all déi aner Moossnamen an et dierfen och nëmme véier Leit op engem Dësch sëtzen. Géinge si sech doheem fir ze iessen treffen dierfte méi Leit zesumme kommen, ouni Test.

An all dësen Etablissementer goufe jo scho vill Moossname geholl, wéi d‘sozial Distanz, Plexiglas an d‘Maskeflicht. Am Horeca-Secteur ass et hei am Land och nach ni zu enger Infektiounskette komm, wat d’Regierung selwer sot. Och d’Horesca-Federatioun huet sech kritesch zu dëser Test-Flicht geäussert, an huet generell d‘Logik vun där Moossnam a Fro gestallt. Och déi konsultativ Mënscherechtskommissioun huet sech an hirem Avis ganz kritesch dozou geäussert.

Och ënnert dem Aspekt vun der Rechtsstaatlechkeet an dem Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter ass dëst net ze vertrieden. Mat esou Obligatiounen a Moossname gëtt de Gastronom zu engem staatlechen Agent, beoptraagt, de Bierger ze kontrolléieren, deen domat Zougang zu perséinleche medezineschen Informatioune kritt, op déi hien da reagéiere muss. Fir d’ADR kann dëst net de richtege Wee sinn.

D’ADR seet kloer Nee zu obligatoreschen Tester, allgemeng an och am Horeca-Secteur! Mir sinn averstanen, wann d’Aarbechtspersonal d’Méiglechkeet kritt, sech reegelméisseg ze adren, wann d’Personal dat wëllt. D’Fräiwëllegkeet muss respektéiert ginn!

 

Pressematdeelung vum 12. Mee 2021

 

Deel dëse Post: