Lëtzebuerger Kultur: Wien fërdert se wann net d’ADR!

Am Kader vun der Debatt iwwert de Kulturentwécklungsplang huet de Fred Keup d’Suerg geäussert, datt d’Kultur am Land net ze vill no Plang entwéckelt därf ginn, ma fräi bleiwe muss. D’Konscht därf net ideologesch agegrenzt ginn. Och déi politesch Onkorrektheet muss erlabt sinn déi d’Konscht eréischt esou richteg intressant mécht. Déi aktuell Entwécklung vun der Kultur wär virun allem op de professionelle Volet fokusséiert an net genuch op d’Konscht déi a Relatioun mat de Lëtzebuerger Traditioune steet. D’ADR bekennnt sech sech dofir virop zu der Lëtzebuerger Kultur déi prioritär gefërdert muss ginn fir datt se net verschwënnt.  

 

Deel dëse Post: