Corona a vulnerabel Leit: Keng Strategie!

Déi meescht Leit, déi um Covid-Virus stierwen, sinn eeler an/oder vulnerabel Persounen. Hei feelt et komplett un enger Strategie vu Säite vun der Regierung. D’Familljeministesch ass an därer Kris praktesch ënnergetaucht. Och beim Impfchaos huet d’Regierung mat Net-Presenz brilléiert. Elo muss d’Oppositioun kommen, fir der Regierung Pisten opzeweisen, fir eeler a vulnerabel Leit besser ze schützen. D’Regierung intresséiert sech awer häerzlech wéineg fir dës Propositiounen.

Deel dëse Post: