Impfchaos: Wou si Bettel a Lenert?

Lëtzebuerg huet am Verglach zum europäeschen Ausland ferm Verspéidung mat den Impfungen.

Enn Dezember sinn déi éischt Impfstoffer zu Lëtzebuerg ukomm. Eréischt dëse Méindeg, den 11. Januar, goufen d’Klinicke mat Impfstoffer beliwwert. D’Regierung huet sech iwwerdeems domat gebretzt, datt Lëtzebuerg als éischt Land an der EU mam Impfstoff vun der amerikanescher Firma Moderna beliwwert ginn ass, eng Ausso, déi net der Wouerecht entsprécht well den 11. Januar esou wuel Däitschland, ewéi och d’Belscht mat Moderna beliwwert gi sinn.

RTL-Informatiounen no, déi bei de Leit um Terrain nogefrot hunn, hätt d’Verspéidung bei den Impfungen virun allem logistesch Grënn. Datt een sech beim Beschafe vun den Impfstoffer ganz op d’EU verlooss huet, ouni am Kader vun de nationalstaatleche Kompetenze selwer Initiativ ze ergräifen, ewéi Däitschland dat gemaach huet, ass sécherlech och keng positiv Reklamm fir d’Regierung. Weider nach huet dëst als Konsequenz, datt d’Leit zu Lëtzebuerg, déi sech wëllen impfe loossen, méi laang waarde mussen, ewéi déi am Ausland. Esou konnt Lëtzebuerg, prozentual gesinn, bis elo manner ewéi hallef esou vill Impfunge maachen, ewéi den Duerchschnëtt vun den EU-Länner.

Zanter dem Ufank vun der Covid-Kris war d’Regierung esou omnipresent an de Medien, ewéi seele virdrun. D’Medie goufe vun der Regierung reegelrecht instrumentaliséiert. Elo, wou d’Regierung hir Aarbecht net richteg gemaach huet, si Bettel a Lenert op eemol net méi present a schécke Fonctionnairen an d’Ëffentlechkeet, fir Stellung ze huelen.

Déi selbstherrlech Duerstellung vun der Regierung hält spéitstens dann op, wann et gëllt, Verantwortung ze iwwerhuelen. Et ass dann och net verwonnerlech, datt de Kontakt mat der Press op eemol vill manner lackelt.

D’ADR rappelléiert hir Positioun, datt d’Impfung als prophylaktesch Mesure muss op fräiwëlleger Basis berouen a verweist op d’Eegeverantwortung vun de Bierger. Wa Leit sech awer fräiwëlleg impfe wëlle loossen, muss d’Regierung e séieren an einfachen Zougang zur Impfung garantéieren.

ADR-Pressematdeelung vum 14. Januar

Deel dëse Post: