Kultur … just op Franséisch?

E groussen Deel vun der Kommunikatioun vum Kulturministère ass just op Franséisch. Dobäi sollt et jo d’Zil sinn, fir esou vill Leit ewéi méiglech ze erreechen. Den Deputéierte Fred Keup wëllt vun der Kulturministesch wëssen, wat d’Grënn fir dës Uluecht a Sproochewiel sinn.

Alt erëm verdäitlecht d’Regierung, datt si de Lëtzebuerger hir Nationalsprooch an hire Wäert net ze schätze weess. Dofir gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch alt nees ignoréiert. Näischt verhënnert, déi Kommunikatioun zousätzlech an der Landessprooch ze féieren, esou wéi och d’administrativ Sproochen hei all ofzedecken.

 

Deel dëse Post: