Covid-19: “Never Ending Story”?

Déi lescht Woch huet d’Chamber fir déi x-te Kéier nei Moossnamen am Kader vun der sanitärer Kris decidéiert. D’ADR huet dogéint gestëmmt, bedéngt duerch onlogesch a medezinesch Onstëmmegkeeten am Gesetz. Besonnesch hält d’ADR déi nei Agrëffer an d’Privatsphär vun de Bierger fir disproportionéiert, dat am Verglach zu den Agrëffer an de Schoulen.

Esou wuel d’Ausgangsspär, wou fir fir de medezinesche Succès bis elo nach kee Bewäis virläit, wéi och d’Limitatioun op 2 Leit aus dem selwechte Stot, déi een däerfen doheem besichen (2 Leit gi bei 4 Leit= 6 Leit erlaabt!; 4 Leit gi bei 2 Leit= verbueden!), si fir d’ADR onlogesch an och vun deene meeschte Leit net ze verstoen, a stellen en Agrëff an déi garantéiert Grondrechter vun eiser Verfassung duer. An eisem „Rechtsempfinden“ ass de Staat zoustänneg fir d’Liewen am ëffentleche Raum, esou wäit wéi néideg a sou mann wéi méiglech,  z’organiséieren. Aus dem Privatliewe vun de Leit soll a muss de Staat sech awer eraus halen. D’Regierung ass zënter dem Ufank vun der Kris: 1)net kapabel fir Moossnamen an de Schoulen an am ëffentlechen Transport ze huelen, déi d´Infektiounsgefor effikass reduzéiert hätten an trotzdeem de Schoulbetrib um lafen ze halen. 2)net kapabel bis haut een national Konzept an een nationale Plang fir déi vulnerabel Persounen ze schützen ob Been ze stellen, dëst besonnesch fir eis eeler Matbierger.

D’Restauranten an d’Caféë sinn ëmmer als clean a „Net-Hotspot“ bezeechent ginn. Lo sinn si als éischt zougemaach ginn awer déi Grouss Akafszentere bleiwen op.  D’ADR ass dowéinst dogéint datt d’Restauranten an d’Caféen zougemaach gi sinn, genee esou wéi d’Kinoen an d’Theateren. Et wier sécher méiglech gewiescht datt, mat deenen néidege Sécherheetsmoossnamen, déi Secteuren, an engem gewësse Kader, hätte viru fonctionéiere kënnen. Mat hirem net wëssenschaftlech fondéierten Aktionismus den och nach inkonsequent ass (Ëffentlechen Transport, Schoul, Akafszenteren, … -versus- Fermeture vu Gastronomie a Kultur ) verschlëmmert d’Regierung dogéint nach eemol déi déif ekonomesch a sozial Kris an déi eist Land era geroden ass.

Vill Leit aus dem private Secteur a besonnesch déi, déi am HORESCA-Secteur schaffen, ginn an der Kuerzaarbecht nëmmen zu 80% indemniséiert. Grad a sou engem Secteur stellt och Drénkgeld en Deel vum Akommes duer. Dëse “Manque à gagner” féiert zu ganz vill Nout a Suergen. D’ADR huet dowéinst an der Chamber proposéiert, datt dës Indemniséierung (am Kader vun der Covid-19 Kris), bis zu engem bestëmmte Plaffong, op 100% gehuewe muss ginn. Leider huet keng aner Partei dës sozial Initiativ ënnerstëtzt.

Des Mesurë ginn also all geholl, well anscheinend eis Intensivbetter un eng Grenz kommen. Am Fréijoer war gesot gi mir hätten 200 regulär Intensivbetter an de Spideeler an 100 an engem Feldlazarett. Haut si mir mat 44 Covid-19 Intensivbetter scho bei 50% Auslaaschtung. Dat heescht mir hunn nëmmen 88 Intensivbetter, wo sinn déi aner 212 Better hikomm? War dat am Fréijoer nëmmen ee Märche fir d’Leit ze berouegen, an de ganze Summer ass näischt geschitt!

Firwat kee  Covid-19 Spidol wéi d’AMMD dat virgeschloen huet, firwat ass kee Spidolspersonal an deene 6 Méint Paus fir Intensivfleeg geschoult ginn? Virun e puer Joer hat eng LSAP-Gesondheetsministesch d’Zuel vun den Akutbetter an de Spideeler plafonéiert. Wéi kuerzsiichteg déi Iddi war, hu mir lo gesinn. D’ADR huet dowéinst e Gesetzesvirschlag gemaach fir déi Limitatioun vun de Spidolsbetter nees ofzeschafen!

Dr Jean Schoos ADR-Nationalpresident (Artikel am Lëtzebuerger Land vum 04.Dezember 2020)

 

 

Deel dëse Post: