Wat geschitt mam iranesch-schwedeschen Gefaangene vun Teheran?

Amnesty International huet sech nawell vill agesat fir en iranesch-schwedeschen Dokter, dee vun de Mullahen zu Teheran zum Doud verurteelt ginn ass. Déi eng Quelle soen Spionage, anerer soen seng “Verduerwenheet” wären de Grond vum Doudesurteel, dat anscheinend den 1. Dezember awer net vollstreckt ginn ass. De Fernand Kartheiser huet eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, wéi et em dee Mann steet. Zousätzlech wëll hie wëssen, wat d’Lëtzebuerger an d’europäesch Diplomatie maache fir ze hëllefen. Drëttens freet hien, ob dat Spill mat engem Mann mat schwedeschen Originnen net och eventuell nei Atom-Verhandlungen impaktéiere kéint.

Deel dëse Post: