Schwéier Zäite fir eist Fleegepersonal!

Et kann een dem Personal an de Klinicken a Fleegeariichtungen net genuch Merci soen, betount de Jeff Engelen a senger Interventioun vum 28. Oktober. E Merci eleng geet awer net duer. Den Nord-Deputéierte plädéiert dofir, datt d’Regierung endlech eeschthaft driwwer nodenke sollt, wéi si konkret déi wichteg Aarbecht vun deene Leit ka valoriséieren. Eng 60-Stonnen-Woch ass sécherlech net agreabel an et ass der ADR net liicht gefall, dëse Projet matzestëmmen. Et ass sécherlech och eng Konsequenz vu joerzéngtelaanger sozialistescher Gesondheetspolitik, datt eis Gesondheetspolitik an esou engem schlechten Zoustand ass. Kee Wonner, an der leschter Legislaturperiod hunn d’Sozialisten d’Unzuel vun de Better no uewe limitéiert… an dat bei engem staarken demographesche Wuesstem.

Deel dëse Post: