Quarantän: Wéi ass d’Krankschreiwung gereegelt?

Laut aktueller Gesetzgebung muss ee Salarié sengem Patron bannent 3 Deeg ee schrëftlechen Atadr virleeë bei enger Krankmeldung. An dëser Corona-Pandemie geet d‘Zuel vun de Leit awer rapid an d’Luucht, déi sech mussen un d‘Quarantän halen. Dës dramatesch Hausse vun de Leit, déi sech mussen un d‘Quarantänen halen, kréien deelweis keen Atadr am Délais fir eng Krankschreiwung, vun der Direktioun vun der Santé, dat well des verständlecher Weis iwwerbelaascht ass. Ausser et consultéiert een säin Hausdokter, deen dann iwwer Telekonsultatioun een Atadr ausstellt. Am Prinzip kritt wuel all Salarié esou een Atadr, mee et kënnt zu Verzögerungen, wat iwwer dës 3 Deeg eraus geet, déi am Gesetz virgesi sinn. An dem Kontext stellen sech eng Rei Froen, virop déi ob hei net misst e neie rechtleche Kader geschaf ginn. Eng aner Fro ass déi, ob am Fall vu Quarantän, Teletravail erlaabt ass. A weider déi ob et den Dokteren erlaabt ass fir am Fall vun enger Quarantän een Atadr auszestellen.

 

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: