Bréif un d’éisträichesch Botschaft

D’ADR huet laang nogekuckt, wéi de Jean Asselborn der Rei no auslännesch Politiker beleedegt a befrënnte Länner géint dat „räicht Legoland” Lëtzebuerg. wéi an der Press elo nach kierzlech ze liese war, opbruecht huet. Mee dem Faass de Buedem ausgeschloen huet dem Bausseminister säin Optrëtt bei „maischberger – die woche” op der ARD, wou hie sech – net fir d’éischt – un Éisträich an un der Persoun vum Bundeskanzler Sebastian Kurz geriwwen huet. D’ADR huet an engem Bréif, ënnerschriwwe vum Parteipresident Jean Schoos an dem Fraktiounschef FErnand Kartheiser, un d’éisträichesch Botschafterin, Madamm Melitta Schubert, dem Bausseminister säin ARD-Optrëtt bedauert. 

Eis Partei huet dorops beschloss, wéi schonn an engem Pressekommunikee ugekënnegt, d’Demissioun vum Bausseminister ze verlaangen. Formaliséiert gouf dee Beschloss iwwert de Weekend mat engem oppene Bréif un de Premierminister Xavier Bettel. Ënrerschriwwe vum Parteipresident Jean Schoos a vum Fraktiounschef Fernand Kartheiser, verlaangt dëst d’Schreiwes d’Demissioun vum Bausseminister mee och eng offiziell Entschëllegung vum Premierminister bei Éisträich. Leschten Akt dierft dann déi vun der ADR gefuerdert Aktualitéitsstonn am Parlament sinn, déi fir de 15. Oktober virgesinn ass. Hei kéint eng Motioun iwwert d’Demissioun vum Jean Asselborn zur Ofstëmmung kommen.

Deel dëse Post: