Méi Unerkennung fir eis Gesondheets- a Fleegeberuffer!

D’Corona-Kris huet gewisen, ewéi wichteg de Fleegesecteur ass. An awer hu mir zu Lëtzebuerg e Manktem u Fleegepersonal a 60 Prozent vum Fleegepersonal muss all Dag aus dem Ausland kommen, fir hei d’Leit betreien ze kënnen. Bei der Ausbildung vum Fleegepersonal ass nach vill Verbesserungspotential: Eng Ausbildung op Bachelor-Niveau feelt, vill jonk Leit ginn dofir an d’Ausland, vu wou si dann zum Deel net méi zréckkommen.

De Jeff Engelen betount dann och, datt et d’Attraktivitéit vum Beruff steigert, wann déi jonk Leit wëssen, datt si spéiderhin am Beruff och mat hiren Aarbechtskolleegen Lëtzebuergesch schwätze kënnen. D’Ubidde vu Lëtzebuergeschcoursë fir auslännescht Personal ass dofir essentiell, esou den Nord-Deputéierte weider a senger Interventioun vum 7. Juli.

Deel dëse Post: