Kompromësslos fir d’Wuel vun eisen eelere Leit!

Liewensqualitéit am héijen Alter, gesond al ginn, al ginn a mobil bleiwen: D’ADR setzt sech dofir an, datt déi eeler Leit hiert Liewen méiglechst bis zum Schluss genéisse kënnen. Dëst ass eng ethesch Verflichtung vun eiser Gesellschaft, eng Gesellschaft, déi deenen eelere Leit vill ze verdanken huet, well si an hirem aktive Liewen Groussaarteges geleescht hunn. Besonnesch och a Corona-Zäiten däerfe mir d’Wuel an d’Liewensqualitéit vun eisen eelere Matbierger net aus den Ae verléieren.

An deem Kontext deposéiert de Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser den 2.Juli eng Motioun an der Chamber, déi mat konkrete Moossnamen de Wee weist, wéi mir och an dësen Zäiten eisen Uspréch géintiwwer dem drëtten Alter gerecht kënne ginn.

Deel dëse Post: