déi Gréng: Populismus vum Feinsten!

D’Konsequenzen vun engem nuklearen Accident gläichen engem Horrorszenario a kee Mensch wëll sech dat wierklech ausmolen. Et ass allerdéngs Populismus pur, wann déi Gréng e Gesetz op den Instanzewee bréngen, wat juristesch gesinn wäertlos ass. A senger Interventioun vum 26. Mee geet de Fernand Kartheiser am Detail op déi ënnerschiddlech Aspekter an, déi dëst Gesetz wäertlos maachen an dem Bierger eng falsch Sécherheet virtäuschen am Fall vun engem nukearen Accident. Den ADR-Deputéierte weist dorop hinn, datt et schon zënter laangem Rechtsinstrumenter ginn, déi d’Indemnisatiounen am Fall vun enger nuklearer Katastroph reegelen – a Lëtzebuerg huet dës Texter ni ratifizéiert! Déi gréng kache léiwer hir eegen Zëppchen, wuelwëssend, datt dës rechtlech nimools d’Schinn hale kann. Populismus vum Feinsten also!

De Fernand Kartheier deponéiert dann och eng Motioun an an der Chamber, déi de Wee weist, fir datt Lëtzebuerg finanziell rechtlech gülteg ofgeséchert ass am Fall vun engem nuklearen Accident.

De Pobeier net wäert …

E Gesetz, wat de Pobeier net wäert ass, op deem et geschriwwen ass … an Déi Gréng ginn net rout, pardon, net méi rout wéi si scho sinn, fir deen Text als historesche Schrack ze feieren. De Fernand Kartheiser kennt de komplizéierten, technesch-juristeschen Dossier aus dem Effeff … duerfir ass et derwäert, seng Argumentatioun nozeliesen. Hei ass d’Ried, op déi hie sech an der Chamber baséiert huet, fir déi gréng Draamdänzer ze bremsen.

Deel dëse Post: