Laangfristeg plange w.e.g.!

D’Debatt iwwert déi grouss Infrastrukturprojeten, déi all Joer an der Chamber gefouert gëtt, ass an enger fir d’Land ganz schwéierer Zäit. De Jeff Engelen betount an deem Kontext a senger Interventioun vum 2. Abrëll, datt eis Ekonomie no der Corona-Pandemie net méi déiselwecht wäert sinn, ewéi virdrun – souwuel op nationalem, ewéi och op internationalem Niveau. Eis Betriber sinn a bleiwen d’Zuchpäerd vun eisem Wuelstand an et ass un der Politik, déi negativ Auswierkunge vun der Corona-Kris ofzefiederen an ze kompenséieren, wou et nëmme geet.

Am weidere Verlaf vu senger Ried ass den Nord-Deputéierte méi genee op eenzel Projeten agaangen, déi zur Debatt stoungen:

Wat d’Renaturéierung vun der Péitruss ugeet, hätt d’ADR sech manner schlëmm Aschnëtter an d’Natur gewënscht. Och déi vill prächteg al Beem, déi dësem Projet zum Affer gefall sinn, hunn zum ekologeschen Ierwe vun der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

Wat den Ausbau vun der Policeschoul um Verluerekascht ugeet, wär eng méi transparent Informatiounspolitik néideg gewiescht an et muss een och an Zukunft virun allem d’Personalvertrieder vun der Police aktiv matabannen. D’Police soll fir d’Ausbildung vun hirem Nowuess adequat Infrastrukturen zur Verfügung hunn an et soll an deem Sënn laangfristeg geplangt ginn. Den Ament huet d’Police déi ganz onglécklech Situatioun, datt si ze wéineg eege Sportsinfrastrukturen zur Verfügung huet a wéi e Wanderzirkus duerch ganz Lëtzebuerg reese mussen, fir kënnen d’Ausbildung vun de Police-Stagiairen ze erméiglechen.

Mat engem laachenden an engem kräischenden A begréisst d’ADR dann och de Projet “Wunne mat der Wolz”, wou ronn 1000 nei Logementer geschaaft ginn. Am Kader vun der Dezentraliséierung ass et sécher begréissenswäert, datt de ländleche Raum a kleng Ballungszenteren am Norden Awunner bäikréien, fir dës Géigend lieweg an attraktiv ze gestalten. Op där anerer Säit lafen dës Géigende Gefor, zu renge Schlof-Uertschaften ze ginn, well et an deene leschte Joren a Joerzéngte verpasst gouf, de ländleche Raum attraktiv ze behalen. D’Infrastrukture gi monter ofgebaut- wéi mir dat rezent erëm bei der Post a bei de Bankfilialë gesinn hunn – an och d’Aarbechtsplaze konzentréieren sech ëmmer nach ze vill op déi grouss Ballungszentere vum Land.

D’ADR, déi dëse Projet matgestëmmt huet, verweist ausdrécklech drop, datt een déi grouss Infrastrukturprojet laangfristeg plange muss, mat der ekonomescher Entwécklung an der Wuesstemsfro am Hannerkapp.

Deel dëse Post: