Hëllefe fir eis Enteprisen: Et ass nach Loft no uewen!

Lëtzebuerg huet et an der Vergaangenheet nach ëmmer souverän aus Krisesituatiounen erausfonnt – duerch Mutt, Solidaritéit an Zesummenhalt. De Roy Reding betount a senger Interventioun vum 31. Mäerz, datt virun allem eis kleng a mëttel Betriber schwéier vun der Corona-Kris getraff sinn. Dofir heescht et och hei Solidaritéit weisen. Den Zentrums-Deputéierten hätt sech an deem Sënn eng nach méi solidaresch Wirtschaftspolitik vun der Regierung erwaart. Et ass dofir inakzeptabel, datt d’Subventioune vun der Regierung esou ausgeluecht sinn, datt d’Betriber dës integral zeréckbezuele mussen. Déi eemoleg Zomm vu 5000 Euro, déi d’Betriber kréien, ass net méi, wéi eng Drëps op e waarme Steen. Déi horrend Zommen, déi d’Betriber aktuell duerch d’Kris verléieren, kënnen si net méi recuperéieren an dofir ass et elo un der Regierung, dëst Gesetz dréngend nozebesseren. Geschitt dat net, wäert Lëtzebuerg geschwënn mat engem Tsunami un Faillitte konfrontéiert sinn. Déi geplangten Erhéijung vun den Accisen ass a Krisen-Zäite méi wéi onvernënfteg. Och hei fuerdert de Roy Reding, datt d’Regierung elo endlech hiren ideologesche Kurs ausschalte soll a Politik mat Kapp a Verstand maache soll.

Deel dëse Post: