ITM: Selwer keng CDI’en?

“D’Regierung ass wéi den honorabelen Deputéierten der Meenung, dass CDl’en d’Regel an CDD’en d’Ausnahm um lëtzebuerger Aarbechtsmaart solle blaiwen.“, esou d’Ausso vum Minister Kersch op eng parlamentaresch Ufro Vum CSV-Deputéierte Marc Spautz. D’ITM, also d’Gewerbeinspektioun, soll an deem Kader Kontrollen duerchféieren, ob d’Dispositiounen vum Code de travail respektéioert ginn, och am Hibléck op d’Natur vun den Aarbechtskontrakter. Elo stellt sech awer d’Fro: Hunn déi Leit, déi bei der ITM schaffen, iwwerhaapt selwer all en onbefriste Kontrakt – also en CDI?

Deel dëse Post: