Wann de SCAS ermëttelt …

Den dacks intrusive Charakter vum Service central d’assistance sociale (SCAS) féiert zu Reklamatiounen a Suerge bei de Leit. Grad esou sozial Ermëttlungen erfuerderen Diskretioun an Taktgefill. Dat fannen och de Fernand Kartheiser an de Roy Reding, déi der Madame Justizminister eng parlamentaresch Fro zu dësem Sujet stellen. Ënner anerem stelle si Froen iwwert d’Kompetenzen an d’Virgoensweis vum Service, den Deontologieskodex an d’Kontroll vun de SCAS-Agenten.

 

Deel dëse Post: