Mobbing a Gewalt an der Schoul …

Mobbing a Gewalt an der Schoul ass keen neie Sujet. Allerdéngs hunn d’Ausmooss an d’Form changéiert – dëst ënner anerem duerch d’Digitaliséierung.

Och aus deem Grond hunn d’Psychologen ëmmer méi dacks Patienten, déi nach an d’Schoul ginn – dorënner esouwuel Kanner ewéi Jugendlecher. Et goufe schonn esou munch Präventiounskampagnen organiséiert, awer d’Zuel vun de Betraffene wëllt net méi kleng ginn. Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet an enger parlamentarescher Fro un den Educatiounsminister gewësse Punkten ugeschwat, dorënner och d’Sensibiliséierungsformatioune fir d’Léierpersonal, eng spezifesch Ulafstell fir d’Elteren, déi heefegst Ursaach fir Mobbing, Direktive fir d’Schoul an d’Léierpersonal, asw.

 

Deel dëse Post: