Verfassungsreform: CSV alt nees ageknéckt!

Uganks Juli hat sech d’CSV iwwerraschenderweis queesch geluecht an déi grondleeënd Reform vun der Verfassung domadder blockéiert. Déi Chrëschtlech Sozial haten eng méi staark Abannung vun de Wieler gefuerdert Dat hu mir als ADR begréisst, well dat schonn ëmmer eis Fuerderung war, an zwar datt d’Politik d’Resultat vun engem Referendum respektéiere muss, an d’Leit net iwwer e parteipolitesche Kouhandel mussen ofstëmmen.

Genee an déi aner Richtung geet elo den Accord deen d’CSV an der parlamentarescher Institutiounekommissioun getraff huet, wichteg Punkte wéi de Walsystem a méi präzis d’Walbezierker an och de Cumul vun de politesche Mandater ginn elo aus der Diskussioun iwwer d’Verfassungsreform ausgeschloss. Dat natierlech well et sech heibäi ëm Punkten handelt déi fir d’CSV kënnen negativ sinn. D’CSV ass also kloer ëmgefall, a mécht genee de Contraire vun deem, wat se am Juli mat vill Tam Tam verlaangt hat. D’Leit am Land kënnen, iwwert déi virdru genannte Froen, iwwerhapt net méi ofstëmmen, am Kader vun engem Referendum.

Deemno ass d’CSV nees ageknéckt an ass awer erëm domadder averstanen datt d’Leit nëmmen iwwer e Gesamttext, deen aus engem politesche Kouhandel besteet, ofstëmmen däerfen.

D’ADR bleift bei hirer initialer Fuerderung datt d’Wieler via Referendum iwwer wichteg punktuell Froe vun der Verfassung ofstëmme mussen, sou datt d’Referendums-Resultat dem Wëlle vum Lëtzebuerger Vollek entsprécht an dann an déi national Verfassung kann integréiert ginn.

Pressematdeelung vum 13. November 2019

Deel dëse Post: