Wéi vill huet d’Migratiounskris Lëtzebuerg kascht?

Et ass eng nobel an human Verflichtung, Leit, déi an Nout sinn, ze hëllefen. Bei der Migratiounskris huet eise Bausseminister allerdéngs scho laang d’Aemooss verluer a wëll sech als grousse Samariter an Europa opsillen. Datt hien domat de Schlepperbanden an d’Hänn spilt, net méi differenzéiert tëscht deene Leit, déi eis Hëllef wierklech brauchen an deenen, déi just als Wirtschaftsmigranten heihikommen a soumat déi sozial Kohäsioun am Land a Gefor bréngt, wëll den Här Asselborn net wouerhuelen. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser intresséieren awer méi d’Fakten wéi den onbedéngte Drang, sech an Europa de schéine Männchen ze maachen. Hie wëll vum Finanzminister wëssen, wat fir Käschte fir Lëtzebuerg mat der Migratiounskris verbonne sinn.

Deel dëse Post: