No Tornado-Katastroph am Minett: D’ADR weist sech betraff!

An eiser Matdeelung un d’Press fuerdere mer ënneraanerem déi beschtméiglechst Ënnerstëtzung vun den Affer.

No Tornado-Katastroph am Minnett : D‘ADR weist sech betraff a verlaangt beschtméiglechst staatlech Ënnerstëtzung fir d’Affer! Pressematdeelung vum 12. August 2019

 

D’ADR weist sech déif betraff iwwer dat Leed, dat esou vill Leit aus dem Süde vum Land duerch den Tornado erlidden hunn, besonnesch an de Gemenge Käerjeng a Péiteng. Si schwätzt deene Betraffenen hiert Matgefill aus an ënnerstëtzt all Moossnamen, déi d’Regierung an déi concernéiert Gemengenautoritéiten huelen, fir deene betraffene Leit méiglechst séier, effikass an onbürokratesch ze hëllefen.  D’ADR seet  all deenen häerzlech Merci, déi hëllefen, fir d’Situatioun nees an de Grëff ze kréien, sief et, well si an offizieller Funktioun präsent sinn, wéi de CGDIS, d’Police  oder d’Arméi, sief et deene Villen, déi fräiwëlleg hëllefen. Si ass beandrockt vun der grousser spontaner Solidaritéit vu ville Mënschen am Land. Weider rifft d’Partei hir Memberen dozou op, déi offiziell  Initiative grousszügeg ze ënnerstëtzen. Och d’Partei an d’Fraktioun bedeelegen sech finanziell un deenen Hëllefsaktiounen. Am Fall wou déi virop betraffe Gemenge keng Wunnenge méi hunn, fir d‘Affer vum Tornado ze relogéieren, mécht d’ADR den dréngenden Appell un de Staat, fir anzesprangen an de Leit ë wierdegen Ënnerdaach ze ginn. D’Affer däerfe finanziell net am Stach gelooss ginn. Elo ass déi national Solidaritéit gefrot fir dat nees opzebauen, wat duerch eng Laun vun der Natur zerstéiert gouf.  Vill Leit kënnen de Schued net aus eegener Kraaft reparéiere loossen. D’ADR mécht den Opruff un de Staat, fir deenen Betraffene Garantien ze ginn a fir dee Schued opzekommen, dee vun den  Assurancëgesellschaften net iwwerholl gëtt. D’Reaktioun vum Staat bei Naturkatastrophë gëtt ëmmer nees kritiséiert. Dat wor zum Beispill och no den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall de Fall. D’ADR verlaangt dowéinst eng Diskussioun an der Chamber, wéi de Staat bei der Gestioun vu  Katastrophefäll nach besser reagéiere kann an och  wéi eng Léiere kënnen doraus gezu ginn. Déi Debatt misst direkt am Hierscht an der Chamber gefouert ginn.

 

Deel dëse Post: