Keng extrem Stréimungen

Europawalkampf war gëschter: Mee net vergiess sinn all déi Ënnerstellungen an der Press an an der Politik, déi d’ADR wollten bei de rietsextreme Bord réckelen. Dobäi ass an eiser europäescher Organisatioun Acre keng vun den ganz rietse Parteie vertrueden. Mee wéi den Acre-Spëtzekandidat zu Lëtzebuerg war sinn trotzdem Biller vu Parteien, déi hie guer net vertrueden huet, gewise ginn.  An och Lëtzebuerger Politiker, déi elo déck Posten zu Bréissel zougeschoustert kréien, hu sech e puer Mol “geiert”, wat d’Mëmberslëscht vun der Acre ugeet. Op mannst ee schéingt awer den Iwwerbléck ze behalen, den éischte Bierger vum Land nämlech. 

Ouni d’ADR mam Numm ze nennen, huet hien eis Partei den 13. Juli am Tageblatt-Interview a Schutz geholl an dohi gestallt, wou si higehéiert: mat zwee Féiss op den demokratesche Buedem. Hei säin Text:

“Wir haben das Glück in Luxem­burg, dass wir sieben politische Strömungen haben, was dem Pluralismus in der Gesellschaft gerecht wird. Wir haben keine ex­tremen Strömungen à la AfD, Front national oder Salvini. Das kommt dadurch, dass sich die Pluralität der Gesellschaft in den politischen Diskussionen wie­derfindet. Deshalb ist sie so wich­tig. ” – Wann de Fernand Etgen et a senger Positioun seet …

Deel dëse Post: