“Contrôle médico-sportif”: nëmme fir Lëtzebuerg?

An enger parlamentarescher Fro geet de Roy Reding op de “Contrôle médico-sportif” an. Dee muss all Sportler maachen, dee lizenzéiert an engem Veräin sengem Hobby nogeet. Fir vill Sportaarten ass den Test esou guer a reegelméissegen Ofstänn  obligatoresch. Mécht awer e jonke Fussballer gär eng europäesch UEFA-Lizenz, gëtt de Lëtzebuerger Test net unerkannt. De Roy Reding freet, ob et net besser wär, wann deen Test internationale Kritäre géing gerecht ginn.

Deel dëse Post: