Wann de Bréifdréier dräimol schellt …

Den Edukatiounsministère mécht eng Enquête iwwert d’Wuelbefannen vun de Kanner vun 8-12 Joer. Eltere vu Kanner an deem Alter kréie Post mat engem Benotzernumm an engem Code fir hire Kanner ze erlaben, un där Ëmfro matzemaachen. Just datt och Leit, déi guer keng Kanner hunn (an domat och näischt mam Educatiounsministère ze dinn hunn), dat Schreiwes an hirer Bréifkëscht fonnt hunn. An zwar net ee Mol an net zwee Mol mee direkt dräi Mol, all Kéiers an engem frankéierten Ëmschlag.

De Fernand Kartheiser huet nogefrot, wat et mat de Panne bei dëser Enquête op sech huet a wéi vill Leit de Courrier falsch kruten. Eng Entschëllegung vum Minister wär wuel ubruecht.

Deel dëse Post: