Keen Entretien, kee kulturellen Intressi?

Dräi Joer, nodeems an der Weilerbaach zwou Hellegestatue gekäppt goufen, ass sech nach ëmmer net ëm d’Schied vum Vandalismus gekëmmert ginn. Eng futtis Kierchefënster, eng beschmierte Kierchendier, d’Heliar-Grott gëtt verkommen a verknaschte gelooss an déi futtis Statue ginn einfach futti stoen a leie gelooss. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt wëssen, firwat den Entretien hei net seriö geholl gëtt an ob der Regierung hei dat néidegt kulturellt Intressi feelt?

 

Deel dëse Post: