Wann de François Bausch aus der Roll fält …

De Minister Bausch huet Schwieregkeeten mat der Gewaltentrennung, déi ee vun de wichtegste Prinziper vun der Demokratie ass. Hien erlabt sech arrogant Remarquen un d’Adress vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen, an dat an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Den Deputéierte soll sech vir d’éischt informéieren, “réit” de Minister, dee net versteet, datt eng parlamentaresch Fro genee duerfir do ass, Vläicht wëll hien och, wéi aner Minister vu Gambia, just net seng Flicht maachen, an den Deputéierten, déi eben do si fir d’REgierung ze kontrolléieren, äntweren. Abee, de Minister Bausch steet alt nees mat zwee Féiss am Fettnäppchen, just e puer Wochen nodeems e Bréif vun him un de Procureur scho genee dee nämmlechte Manktem u Fangerspëtzegefill an demokrateschem  Respekt gewisen huet.

 

 

Deel dëse Post: