Gewerkschaftsfräiheet beim Ëffentlechen Déngscht: D’Chamber gëtt aktiv

Opreegung gouf et bei der Lëtzebuerger Arméi, well de President vun der Arméigewerkschaft SPAL (Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise), Christian Schleck, ënnert anerem wéinst senge gewerkschaftlechen Aktivitéiten eng aner Plaz soll kréien.

Op Initiativ vum Fernand Kartheiser huet d’ADR elo eng gemeinsam Sëtzung vun der Verdeedegungskommissioun an der Kommissioun vum ëffentlechen Déngscht ugefrot, fir gewuer ze ginn, wat d’Hannergrënn an d’Ziler vun dëser Affär sinn an iwwert dee Virfall ze beroden. Well eng Affär ass et, wa Gewerkschaftsvertrieder wéinst hiren Aktivitéiten Drock am Beruff kréien.

De Christian Schleck ass aktuell zoustänneg fir d’Relatioune mat der Press, d’Reklamm a fir d’Bild, wat d’Arméi gëtt. Ee Grond, firwat et Opreegung gouf, ass deen, datt de Christian Schleck dëst kuerz virun der Generalversammlung vun der SPAL matgedeelt krut … fir hien ze destabiliséieren, wéi d’SPFP (Syndicat des Professionnels de la Force Publique), déi de Christian Schleck an engem Kommunikee verdeedegt schreift.

Deel dëse Post: