De Gast Gibéryen hëlt kee Blat virun de Mond!

Wéi sou dacks schwätzt de Gast Gibéryen wierklech Kloertext a kee politesche Bla, Bla… Iwwerzeegt Iech selwer.  

Kommentaren op rtl.lu vum 22.Mee (RTL huet d’Aussoen vum Gast vum 100,7 iwwerholl.)

“Meng 6 Stëmme kritt dem Gast seng Partei. Dann hunn ech gemaach wat ech kann, fir hien op Stroossbuerg ze schécken. Bonne Chance Gast! A Bravo fir déi gutt Kandidaten-Equippe an deen equilibréierten a verstännege Wahlprogramm.”
 
“Ech sinn der Usiicht, dass eigentlech keen Deputéierten op enger EU-Lëscht dierft stoen, ouni säi Mandat am Fall vum Gewieltginn mussen unzehuelen. Den Här Gibéryen seet op d’mannst mol oppen wat geschitt falls e gewielt sollt ginn. Vun allen aneren Deputéierten erwaart ee sech dat eigentlech och. Quitte, dass ech mengen, dass hien deen eenzege wärt sinn, deen sou éierlech an transparent wärt sinn. An opwuel ech kee Frënn vum Adr sinn, mécht dat heen iergendswéi sympathesch.” 
 
“All Respekt, well normalerweis peschen se mat Patex Ultra ob hieren Posten. Bravo fir den ADR.”
 
“den Gast5 nett mei an der Chamber, geet jo guer nett. Wee ass dann elo nach do deen der Regierung de Bass halt”
Deel dëse Post: