Onzenséiert … Fräiheet

Lëtzebuerg ass eng zimlech gutt Demokratie. Mee eng hypothetesch feministesch Partei kann net hir ganz Veruechtung fir d’Männer an enger exklusiv weiblecher Kandidatelëscht ausdrécken. Well d’Lëtzebuerger „Fraequote“-Gesetz dat bestrooft. Do, wou et wéi deet! An der Parteikeess.

Dobäi war d’Gesetz fir Parteien zu Lëtzebuerg transparent ze finanzéieren eemol e wierklech demokratesche Schrack. Fir d’Parteien onofhängeg ze maache vun de Sue vu Lobbyisten a Betriber. An net fir si iwwert eng Fraequot ofhängeg ze maache vun Gender-Ideologen an der Regierung. D’Gesetz ass nun eemol esou, mengt Dir, an et huet kee Wäert, sech driwwer opzereegen? Dat wär ok, wann net d’Zeechen op nach manner Demokratie géinge stoen.

Nodeems Lëtzebuerg laang Joren pragmatesch am Konsens regéiert ginn ass, herrscht neierdéngs en aneren Toun. Ideologe beetschen d’Kierch gären aus eiser Gesellschaft an aus der Schoul. Kanner kréie schoulfräi fir Klimademonstratiounen, wéi iwwerhaapt d’Schoul keen ideologiefräie Raum méi ass. Ech hat emol e Philosproff, dee war Deputéierte fir eng marxistesch Partei. Mee hien huet de Plato mat grad esou vill Léift erkläert wéi de Marx. Haut sinn d‘Kanner ëmmer méi der Meenung vun Institutiounen a vum Léierpersonal ausgesat. Et geet duer ze kucken, wien an d’Schoul invitéiert gëtt fir Rieden ze halen … a wien net. Den Drock, datt net de Kanner hir Meenung zielt, mee déi, déi hinne virgeknat gëtt, ass immens. An d’Elteren zielen … awer nëmmen als Entschëllegung, wann d’Schoul verseet an hirem „Bildungsauftrag“, deen ni als „Meinungsbildungsauftrag“ geduecht war.

Meenung verbidden am Numm vun der virherrschender Ideologie geschitt net nëmmen un amerikaneschen ofgehuewenen Universitéiten. Esou guer en däitsche Bankier an SPD-Member gëtt ausgebuht an et gëtt hei zu Lëtzebuerg probéiert, hien um Rieden ze hënneren, wann hie sech kritesch mat Immigratioun a Multikulti ausenanersetzt. An e staatlech finanzéiert Kulturinstitut däerf einfach esou decidéieren, datt eng demokratesch legitiméiert Partei wéi d’ADR an deem Haus kee Sall ze loune kritt.

Hierrësseg Industrie- oder Verkéiersprojete mat Wahnsinns-Ressourceverbrauch ginn ugestouss a solle mordikus ëmgesat ginn. E-Autoen gi subventionéiert, obwuel si méi Knascht maache wéi aner Gefierer. Fir den Tram ass kee Bam helleg. Fuerschung gëtt finanzéiert, wa si an de Krom passt. Den Internet gëtt gereegelt. Handye mellen, wou all Bierger grad drun ass. Smartmetere moosse Stroum-a Waasserverbrauch a kéinten dës och reguléieren.

Et gëtt sech net genéiert fir d’Leit opzefuerderen, ze denoncéieren an ze delatéieren. „Ech mellen Dech“ ass d’Superdrohung a politesch korrekten Zäiten … a si kéint riicht aus der Nazi- oder Sowjetdiktatur kommen. Et gëtt nëmmen eng Meenung, nëmmen ee Wee … a wie vun deem Wee ofwäicht, gëtt ausgegrenzt oder ass op mannst suspekt. Wie bestëmmt, wat politesch korrekt ass a wat de richtege Wee, ass net kloer. Déi Entscheedunge falen heemlech, ginn net diskutéiert, scho guer net ausdiskutéiert a schéinen och net ëmmer majoritär an der Gesellschaft ze sinn.

Kontrolléieren a verbidden, dat ass net de Selbstzweck vun enger gudder Regierung. Si soll kucken, datt et de Leit gutt geet, datt alles awandfräi funktionéiert, wat de Staat am Déngscht vu senge Bierger (a mat hire Suen) op d’Been gestallt huet. Mee haut mussen et Glyphosatpolice a Radar sinn. Kaum e Gesetz kënnt nach ouni d’Vollmuechten aus, Kontrollen ze halen … an zwar net vu Sécherheetskräfte mee vu Beamten aus Ministären. An d’Strofe fir Saachen, déi eis Elteren nach als Topegkeete bezeechent hätten, ginn ëmmer méi säfteg. Muecht iwwert d’Meenung soll mat Muecht duerchgesat ginn … dofir gëtt et ewell sëlleche Beispiller. De Bierger – aus muechtpolitescher Siicht e verantwortungslose Gesell – soll gezillt ginn a gefällegst paréieren. Esou eng Opfaassung vu staatleche Flichten ass e Flirt mam Totalitären.

Wéi 1990 de Kale Krich eriwwer war, hätt ee gemengt, et géing eng Zäit vu Fräiheet ugoen, wéi d’Welt se nach net kannt hätt. Haut sinn d’technesch Kontrollméiglechkeeten, awer och de Wonsch, nëmmen eng Meenung zouzeloossen, an de Wëllen, dem Staat säi Muecht- an Aflossberäich ze vergréisseren, esou wäit, datt ee sech freet, wien eigentlech de Kale Krich gewonnen huet. Fräiheet ass anescht!

Fir Kommentaren, Léifheeten an och Frechheeten: roland.houtsch@adr.lu

 

 

Deel dëse Post: