Vandalismus am Walkampf: En Ugrëff op d’Meenungsfräiheet vun all Eenzelen

D’ADR ass net eleng d’Affer vu Vandalismus am Walkampf. Esou eppes ass kee Kavaléiersdelikt. Duerfir proadréiere mir och schaarf, datt den DP-Generalsekretär Claude Lamberty op Facebook e Bild vun engem vandaliséierten ADR-Panneau geliked huet. Dat kritiséiert de Parteipresident Jean Schoos an engem Bréif un d’DP-Presidentin.

Besonnesch mutwëlleg ass jo um Bridel mat engem ADR-Panneau ëmgespronge ginn, deen och prompt op de soziale Medie vill kommentéiert ginn ass. Firwat dat Schëld nach do steet an och do stoe bleift, erkläert de Roy Reding (Bezierk Zentrum).

Deel dëse Post: