ADR mat fläisseger an dacks onkamouter Chamberaarbecht

Et ass ganz flott, eng Statistik vun der Chamberaarbecht ze duerchbliederen: 4.304 Froe sinn an der Legislaturperiod vun 2013 bis 2018 gestallt. Är ADR klasséiert sech dobäi un drëtter Plaz vun de fläissegste Parteien an dat mat 514 Froen. Déi waren dacks onkamoud an hunn och emol fir Panik bei der Regierung gesuergt. Dir erënnert Iech vläicht un déi hektesch Dementiën, wéi d’Buergbrennen per Reglement hei am Land verbuede gouf. An d’ADR huet der Regierung och méi wéi eng Kéier rappeléiert (an duerch de Chamberspresident rappeléiere gelooss), datt d’Ministeren gefällegst den Deputélierten anstänneg a manéierlech op Froen ze äntweren hunn, well si an eiser Demokratie schliisslech der Kontroll vun den Deputéierten ënnerstinn (an net ëmgedréit). Déi meeschte parlamentaresch Froen huet iwwregens d’CSV gestallt.

Deel dëse Post: