Encevo mat chinesescher Bedeelegung: keng gutt Saach fir de Roy Reding

Encevo ass de wichtegste Lëtzebuerger Akteur am Gas- a Stroumsecteur. 25, 48 Prozent vun den Aktien vun der Daachfirma  vun Enovos a Creos, déi de Staat ëmmer wollt zu 100 Prozent besëtzen, sinn elo un déi staatlech chinesesch Firma Southern Power Grid gaangen. Dat ass eng Regierungsdecisioun, déi nach laang net all Mënsch deelt. ADR an Déi Lénk schwätze sech dergéint aus, Déi Gréng si skeptesch. Et ass alt nees d’CSV, dat gutt véiert Rad um Gambia-Won, déi d’Meenung vun de reschtleche Regierungsparteien deelt. All dat kënnt eraus an enger Reportage, vum Radio 100Komma7, bei där fir eis Partei den Deputéierte Roy Reding intervenéiert.

Fir déi, déi Encevo a seng dominant Positioun zu Lëtzebuerg net esou gutt kennen, hei eng kuerz Presentatioun:

https://youtu.be/g2r8fKfwzTs

 

Deel dëse Post: