Jo zum Ausbau vun der Kasär!

Wann een der Arméi um Härebierg wierklech Respekt an Unerkennung fir hir wichteg Aarbecht am Déngscht vum Land entgéintbrénge wéilt, dann hätt een d’Gebailechkeeten an d’Infrastruktur um Härebierg net joerzéngtelaang onverännert gelooss. Dës Kritik adresséiert sech manner un dës Regierung, ewéi un d’CSV, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 17. Juli. Déi Chrëschtsozial hunn nämlech dacks de Verdeedegungsminister gestallt an et huet sech um Härebierg net vill beweegt. 

Den ADR-Deputéierte wonnert sech dann och, datt  déi “pazifistesch” Partei vun de Gréngen  an hirem Walprogramm guer keng Limitt festgeluecht huet fir militäresch Dépensen.

Deel dëse Post: