D’Natur schützen an net de Bierger schikanéieren!

Leit mat onsënnege bürokratesche Moossname schikanéieren an Eegentumsrecht violéieren am Numm vum Naturschutz, datt ass fir d’ADR inakzeptabel, esou de Roy Reding a senger Chamberinterventioun vum 16. Mee. Wann ee fir Plättercher a sengem Haus ze leeën eng ministeriell Autorisatioun brauch, wat huet dat mat Naturschutz ze dinn? Näischt. Anstatt kloer Verfahren anzeféieren, déi wierklech dem Naturschutz déngen, wéi z.B. konkret Bestëmmungen am Juegdgesetz, gëtt hei de Leit duerch iwwerméissege staatleche Bürokratismus d’Liewe schwéier gemaach. Ideologesch Politik à la Gambia!

Deel dëse Post: