Plans sectoriels: D’ADR wëllt d’Realisatioun net ausbremsen!

D’Landesplanung war ee vun de Sujeten, déi den 18. Abrëll an der Chamber diskutéiert goufen. Et geet dorëm, eng legal Basis ze schafen, fir an der Prozedur mat de Plans sectoriels virunzekommen. De Gast Gibéryen erkläert, datt et wichteg gewiescht wier, déi Pläng virun deem ongebremste Wuesstem auszeschaffen, deen an de leschten 10 bis 15 Joer stattfonnt huet, fir ze wësse wuer een histeiert. Elo gëtt et den ëmgedréinte Wee gemaach. D’Fro stellt sech awer, ob alles, wat an deene leschte Jore realiséiert gouf och esou méiglech gewiescht wier, wann déi Pläng schonn dogewiescht wieren, an déi Situatioun déi lescht Regierungen dofir net vläicht och arrangéiert huet. Sou oder sou muss d’Wuesstemsfro gekläert ginn. Wann d’Land wierklech weider esou wuesse soll an en 1,2 Milliounestaat erreecht gi soll, dann ass et egal wat fir Pläng elo gemaach ginn, well si sech nëmmen zäitlech begrenzt an d’Realitéit ëmsetze loossen.

 

 

Deel dëse Post: