ADR Norden: Optimistesch an d’Chamberwalen

 

D’ADR Norden geet optimistesch an d’Waljoer 2018. Um Bezierkskongress vum 8. Februar zu Nidderfeelen schwätzt de Nord-President Jeff Engelen déi sëllechen Themen un, wou d’Politik am Norden nach kräfteg muss nobesseren: Gesondheetsversuergung, Verkéier, Wuesstem, Zentraliséierung vun den Aarbechtsplazen, alles Beräicher, wou elo schnell Léisunge musse fonnt ginn, fir datt de Norden net d’Stéifkand vun der Natioun bleift. Joerzéngte laang huet all Regierung de Norden ëmmer erëm vertréischt, ouni konkret Léisungen an d’Realitéit ëmzesetzen. Beispill Nordstrooss: Bis elo hat nach keng Regierung de Courage, den akute Verkéiersproblem op enger vun den Haaptverkéiersachse vum Land zefriddestellend ze léisen. D’ADR fuerdert schonns zënter méi wéi 20 Joer de véierspuregen Ausbau vun der Nordstrooss.

Den ADR-Parteipresident Jean Schoos an den Deputéierte Fernand Kartheiser hunn an hirem Iwwerbléck iwwert déi aktuell Nationalpolitik däitlech gemaach, datt Regionalpolitik a Landespolitik Hand an Hand musse goen: Den Engagement fir eis Wäerter, eis Identitéit, eis Sprooch, d’Schafe vun enger gesonder Ëmwelt an eng laangfristeg ofgeséchert Liewensqualitéit musse souwuel op regionalem, wéi och op nationalem Niveau erkämpft ginn. D’ADR Norde bléckt an deem Sënn mat Optimismus an d’Zukunft a freet sech, sech deene wichtegen Erausfuerderunge bei de nächste Chamberwalen ze stellen.

Kuckt hei d’Fotoe vum Bezierkskongress vun der ADR Norden.

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: