Wie boykottéiert de Police-Musée?

2011 huet d’Direktioun vun den Ëffentleche Gebaier de Police-Musée um Verluerekascht fir baufälleg erkläert. Doropshin huet d’Police-Direktioun d’Konsequenze missen zéien an d’Visitten am Musée astellen. Zwar hunn zwee Rapporten d’Baufällegkeet widderluecht, mee d’Regierung huet ni méi gréng Luucht fir nei Visitte ginn. Haut sinn et Sécherheetsbedenken a besonnesch de Brandschutz, déi der Reouverture am Wee stinn. D’ADR hat den 13. Januar eng Entrevue mat de Responsabele vum Musée, Viviane Eschenauer, Camille Diener a Charles Manderscheid, déi vum Deputéierte Fernand Kartheiser a vum Zentrumspresident Mario Daubenfeld empfaang goufen. Do ass probéiert ginn, déi Story ze entwurrelen, bei där am Ament dräi Ministere sech d’waarm Gromper zouspillen (déi Hären Etienne Schneider, François Bausch an Dan Kersch). De Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen huet zwar viru Méint versprach, no engem alternative Gebai ze sichen, mee zënterhier ass Funkstille. Net ze vergiessen, all déi aner Politikerversprieche ronderëm dëse Musée – e fréiere Banneminister hat der Institutioun  esouguer säi Patronage ginn.

Wie wëll hei de Police-Musée boykottéieren? Un de Sue kann et jo net hänken, éischter um schlechte Wëllen a vläicht u Bauprojeten um Verluerekascht, oder? 

Als spontan Reaktioun op de ganzen Hickhack huet de Fernand Kartheiser den Thema fir de 15. Januar als mëndlech Fro um Ufank vun der Chambersëtzung eragereecht. Do däerf een op d’Ausriede gespaant sinn.

Deel dëse Post: