Dräispuereg A3: de Problem bleift!

Den Ausbau vun der A3 – d’Autobunn Diddeleng-Lëtzebuerg – op dräi Spuere gouf an der Chamber gestëmmt. D’ADR huet dëst Gesetz mat Jo gestëmmt, well dësen Ausbau méi wéi iwwerfälleg ass, an och an eisem Walprogramm stoung. De Gast Gibéryen weist awer drop hin, datt dësen Ausbau eleng net duergeet, mee datt och nach aner Moossname musse geholl ginn. D’Achs Diddeleng-Stengefort muss dräispureg ginn, seet de Gast Gibéryen. D’Envergure vum Projet duerf net ënnerschat ginn. De Problem ass mam Ausbau och net geléist: Bis den aktuell geplangten Ausbau vun der A3 fäerdeg ass, wäert alle Projektiounen no nees esou vill méi Verkéier sinn, datt den Engpass ëmmer nach do wäert sinn.

Deel dëse Post: