Ass d’Rechtssécherheet zu Lëtzebuerg na garantéiert?

Här President, Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch bei Uerteeler vun der Lëtzebuerger Justiz un den Här Justizminister weiderzeleeeden. D’Sproochegesetz vun 1984 seet a sengem Artikel 3: « Langues administratives et judiciaires En matiére administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeoise, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières. ». An dem Zësummenhank wollt ech dem Här Justizminister dës Froe stellen: 1. Wéi a wou gëtt Lëtzebuergesch am Abléck am Beräich vun der Justiz gebraucht? 2. Wëll d’Regierung d’Lëtzebuerger Sprooch am Beräich vun der Justiz stäerken? 3. Wa jo, wéi eng Moossnamen hëllt d’Regierung konkret fir de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Justiz ze vergréisseren? 4. Kann e Bierger d’Iwwersetzung vun engem Uerteel op Lëtzebuergesch froen (oder och op Däitsch), ënnert der Konditioun, datt eleng déi franséisch Versioun gëllt? 5. Wa neen, firwat net? 6. Wa jo, iwwerhëlt dann de Staat d’Käschten vun der Iwwersetzung op Lëtzebuergesch (oder op Däitsch)? Mat déiwem Respekt,

D’ “Commission européenne contre le racisme et l’intolérance” (ECRI) vum Conseil de l’Europe felicitéiert der Lëtzebuerger Justiz fir eng  wäit Interpretatioun (« interprétation large ») vum Strofrecht. Et ass awer op der anerer Säit  ee fundamentalen an onverzichtbare Grondsaz am Rechtswiesen, datt een nëmme kann opgrond vun engem präzisen a kloren Text veruerteelt ginn. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser well an deem Sënn wëssen, wéi de Justizminister mat deem Widdersproch ëmgeet. Et geet hei ëm déi elementar Fro, ob d’Rechtssécherheet zu Lëtzebuerg na voll a ganz garantéiert ass.

De Justizminister geet a senger Äntwert net wierklech op de Fong.

Deel dëse Post: