Assistance parentale: e kloeren Nee fir dëse Gesetzesprojet!

De Gesetzesprojet iwwer d’Assistance parentale gouf e Mëttwoch, de 14. November, an der Chamber gestëmmt. Dëst Gesetz bréngt eng vill méi streng Reglementéierung vun der Aktivitéit vun der Dagesmamm. D’ADR huet sech däitlech dogéint ausgeschwat an dofir och dogéint gestëmmt. De Fernand Kartheiser erkläert, datt déi Reglementéierung ze wäit geet an héchstens fir Dagesmammen, déi mat Cheques-service bezuelt ginn, dierft gëllen. Weider stéiert sech d’ADR un anere Schwaachpunkte vum Gesetz. Ënnert anerem wieren dat déi praktesch net-existent sproochlech Ufuerderungen un d’Dagesmammen an d’Educatioun, déi  weder eng Saach vun der Dagesmamm duerf sinn, nach vum Staat, mee eleng den Elteren hiert Recht an hir Flicht ass.

Deel dëse Post: