Data hosting fir Estland: eng Nisch fir Lëtzebuerg sécheren

De Gesetzesprojet, deen en Accord zum Stockage vun Daten fir Estland hei zu Lëtzebuerg virgesäit, soll den néidege juristesche Kader fir d’Installatioun vun esou engem Datenzenter ginn. Sou soll Estland d’Garantie fir d’Sécherheet an d’Inviolabilitéit vun hiren hei am Land stockéierten Donnéeë kréien, mat Privileegien an Immunitéiten, déi deene vun diplomatesche Missiounen ähnlech sinn. Et handelt sech heibäi ëm e Präzedenzfall, wéi de Fernand Kartheiser e Mëttwoch, de 14. November, an der Chamber erkläert, dee fir Lëtzebuerg eng Nisch bidde kann. D’Land géing sech domat profiléieren an dozou bäidroen, datt an internationale Gremien den Droit moderniséiert gëtt an och d’Virdeeler vu Lëtzebuerg als Standuert ënnersträichen. Dofir huet d’ADR dëse Gesetzesprojet mat “Jo” gestëmmt an eng Motioun agereecht, déi bei der Regierung Uklang fonnt huet a schliisslech an d’Kommissioun geholl gëtt.

Deel dëse Post: