Gratis Schoulbicher: Wéi ass de Stand vun der Analys an de Modalitéiten?

Et ass Zäit vergaangen, nodeems den Educatiounsminister an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 3178 erkläert huet, datt de Ministère am Gaang wier eng Analys ze maachen an d’Modalitéiten auszeschaffe fir d’Aféierung vu gratis Schoulbicher an de Lycéeën. An enger parlamentarescher Fro wollt den Deputéierte Fernand Kartheiser elo ënnert anerem wëssen, wéi wäit de Ministère mat dësen Aarbechten ass an ob et scho konkret Resultater ginn.

Deel dëse Post: