Endlech eng aner Politik fir Lëtzebuerg!

No hirer traditioneller Journée parlementaire am Kontext vun der politescher Rentrée presentéiert sech d’ADR selbstbewosst a kämpferesch. D’Partei proposéiert wichteg Impulser fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg; Impulser, déi dréngend noutwenneg sinn, wa mer an Zukunft ee liewenswäert Ëmfeld erhale wëllen. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen werft dann och eng Rei u kritesche Froen un d’Adress vun der Regierung op. De sozialisteschen Aarbechtsminister setzt sech méi fir Milliardären a multinational Konzerner an, déi quasi keng Steieren bezuelen a just als Prestigeprojet déngen, ewéi fir kleng a mëttelstänneg Betriber hei am Land. Och déi Gréng hu kee Problem domat, quasi iwwer Nuecht 30 Hektar Gréngfläch fir Google zur Verfügung ze stëllen. Ee Bauer, deen e Stall baue well, waart allerdéngs oft jorelaang op eng Geneemegung a muss sech oftmols mat absurd Virschrëfte rëmklappen. An den Ae vun der ADR inakzeptabel! 

Weider Theme waren d’Trennung vu Kierch a Staat an d’Matsproocherecht vum Bierger. Hei huet d’ADR e puer waarm Empfeelungen un d’Adress vun den anere Parteien… awer kuckt selwer!

Highlights vun der Pressekonferenz:

Hei fannt Dir d’Pressekonferenz vum 17. Oktober a voller Längt (Video ’54”47).

 

 

 

 

Deel dëse Post: