Journée Parlementaire 2017

Wéi all Joer huet d’ADR sech op der Journée parlementaire getraff, fir déi nei parlamentaresch Sessioun 2017-2018 virzebereeden. E Samschdeg, de 14. Oktober, op der Cloche d’Or hunn déi dräi Deputéierten, Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding zesumme mat dem Parteipresident Dr. Jean Schoos, dem Generalsekretär Alex Penning a mat enger Rei engagéierte Membere vun de Bezierker, den ADR-Fraen an der ADRenalin, ënnerschiddlech Themen hannerfrot an diskutéiert.

Nodeems d’Gemengewalen hannendru sinn an d’Resultater an der Schlussphas hir definitive Form unhuelen, beweege mir eis elo schonn op déi nächst Walen duer, bei deenen d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet hunn, eng nei Regierung ze wielen.De 14. Oktober 2018 sinn nämlech d’Chamberwalen, déi d’ADR bereet ass mat dem néidege Courage an Elan ze bestreiden.

Dofir war et eemol méi wichteg, datt mir eis eens sinn a politesche Froen a Punkten. Dëst war schliisslech och de Fall a sou hu mir eis Punkten an Iddie festgeluecht, déi eis wichteg sinn an aus eiser Siicht mussen ugepaakt ginn.

Deel dëse Post: