RMG ufroen: De reelle Sproocheregime am Prozedurverlaf

Leit déi op den RMG ugewise sinn, mussen dësen ufroen an dann eng bestëmmte Prozedur duerchlafen, fir den RMG och wierklech ze kréien. Während dëser Prozedur ginn déi betraffe Leit vun den zoustännegen ëffentlechen Administratiounen iwwer Bréiwer kontaktéiert an ënnert anerem och op Informatiounsversammlungen invitéiert. An dësem Kontext huet de Fernand Kartheiser bei der Regierung nogefrot, wéi de Sproocheregime bei dëser Prozedur an der Realitéit ausgesäit.

Deel dëse Post: