Genitalverstümmelung: Gëtt zu Lëtzebuerg opgekläert a sensibiliséiert?

A ville Länner – haaptsächlech an Afrika, am Mëttleren Osten an an Asien – ass d’Beschneidung vum weibleche Genitalorgan deelweis Bestanddeel vun de Bräich. Dës geféierlech Prozedur, déi ouni medezinesch Grënn duerchgefouert gëtt, ass eng Verletzung vun de Mënscherechter vu Meedercher a Fraen. An deem Kontext erginn sech eng Rei Froen, haaptsächlech virum Hannergrond vun der Migratioun a Flüchtlingskris. De Fernand Kartheiser freet dofir och no den Entwécklungen am Lëtzebuerger Land. Hie freet no gemellte Fäll, no Opklärungscampagnen, déi sech spezifesch un d’Migranten an un d’Flüchtlinge riichten, no Sensibiliséierung vu Gynekologen an a vum Betreiungspersonal an ëffentleche Strukturen, asw.

Deel dëse Post: