Google: ass keng Äntwert och eng Äntwert ?

Am Kader vun den Diskussiounen ëm d’Zukunft vu Lëtzebuerg an de stramme Wuesstem wëll Lëtzebuerg op de qualitative Wuesstem opbauen. An deem Zesummenhang huet den Här Wirtschaftsminister an der Chamber gesot, datt am Virfeld vu gréissere Projeten an Investitiounen an Zukunft ëmmer eng Impaktstudie gemaach géif ginn. “Ass eng Impaktstudie gemaach ginn oder gëtt se am Abléck duerchgefouert?”, freet ënner anerem den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen.

Wéi en Impakt kritt esou en Implantatioun op d’Ëmwelt, op de Landverbrauch, op den Energieverbrauch, op de Waasserverbrauch, op de Verkéier an op de Wunnengsmaart? A wéi gesäit et mat eventuelle Steierrecetten aus?

De Gast Gibéryen huet 6 ganz konkret Froe gestallt. Nodeems d’Regierung méi wéi 2 Méint gebraucht huet fir ze “äntweren”, komm e Schreiwes mat e puer Floskelen, andeems awer keng eenzeg  konkret Äntwert ze fannen ass!

An engem Bréif un de Chamberspresident fuerdert den ADR-Deputéierte konkret Äntwerten op seng Froen.

Deel dëse Post: