An elo d’Laboen: Weider Kritik um Spidolsplang

No den Doktere melle sech d’Laboratoiren elo, fir de Spidolsplang ze kritiséieren. Et geet hinnen drëm fir datt gewëssen Analyse net e Monopol vum Staatslabo kréien., dat iwwer e neie Kompetenzzentrum. An der Anatomopathologie sinn och déi pèrivat Laboratoire gutt opgestallt, huet den Dr Stéphane Gidenne an enger Entrevue mat eiser Partei erkläert. D3em Parteipresident Dr Jean Schoos an dem Deputéierte Gast Gibéryen huet hie virgerechent, datt d’privat Laboe ganz séier kënne schaffen, do wou et drop ukënnt. De Staatslaboratoire géing haut schonn een Drëttel vun sengen Analysen an deem Beräich an d’Ausland ginn a géing och fir eenzel Analyse méi laang brauchen wéi de Privatsecteur. De Stéphane Gidenne huet d’FLLAM (Fédération luxembourgeoise des Laboratoires d’analyse médicale) vertrueden.

Deel dëse Post: